Wien dreemt net dovu mat wéineg Opwand ee groussen Hit ze produzéieren. Am Zäitalter vu Kënschtlecher Intelligenz an der Theorie méi einfach, um Terrain gräifen Acteure wéi d'GEMA awer elo streng duerch.
Rezent och am Fall vun der US-Firma an Applikatioun Suno. Dëse bitt Notzer:inne vun der App d'Méiglechkeet, mat wéinege Klicken an Iddien ee ganze Song ze arrangéieren. Bei Tester vun der GEMA huet een dann awer verdächteg Parallellen zu groussen Hits festgestallt.
Dobäi goufen Hits wéi "Daddy Cool", "Mambo No.5" oder "Atemlos durch die Nacht" per Songtext an d'App aginn. D'Resultat: souwuel d'Akkorden, d'Melodie wéi weider Detailer wiere staark un den Original erukomm.
De Virworf: Suno géif bestoend Lidder späicheren an net just fir d'Trainéiere vun der App per Parameter notzen.
Obwuel dëst déi amerikanesch Entreprise bestreit, huet elo d'Landesgeriicht vu München der GEMA an de meeschte Punkten zougestëmmt. Definitiv ass d'Urteel awer nach net. Suno huet d'Recht an Appell ze goen.