Mat 13 Joer, esou d’Joana Mallwitz, huet alles mam Franz Schubert senger “Unvollendete” ugefaangen. Dës Sinfonie huet hir d’Gewëssheet ginn, sech net méi op d’Gei an de Piano ze fokusséieren. Instrumenter, déi si ganz fréi als Kand fir sech entdeckt huet. Si geet vun Hildesheim, hirer Heemecht, op Hannover un d’Héichschoul, studéiert Piano an Direktioun. An ausgerechent ee spontanen Optrëtt als Ersatzdirigentin fir d’”Madama Butterfly” vum Puccini, maache si duerch eng Opféierung mat groussem Succès, séier iwwer d’Grenze bekannt.
Zu der Joana Mallwitz hirem Succès reien sech d’Positioun als jéngste Generalmuseksdirektesch an Europa, dat am Alter vun nëmmen 28 Joer zu Erfurt an Däitschland. E puer Joer drop ass et den Titel “Dirigentin vum Joer” vun der Fachzeitung Opernwelt an hiren Debut bei de Salzburger Festspiele als éischt Fra als Dirigentin bei enger Opereproduktioun.
Orchesteren, déi si reegelméisseg leet, sinn d’Berliner an d’Wiener Philharmoniker, Wiener Sinfoniker an de BR Sinfonieorchester, Royal Concertgebouw Amsterdam, de Los Angeles Philharmonic, den NDR Elbphilharmonieorchester. Spriech: d’Crème de la crème vun den Orchesteren an Europa an doriwwer eraus. Mat 39 Joer ass si elo schonn 3 Joer op dëser Plaz zu Berlin.