Sech mat 88 Joer säi Liewensdram erfëllen, dat mécht dee walisesche Schauspillstar an 2-fachen Oscar-Gewënner Anthony Hopkins. Mam Film "Das Schweigen der Lämmer" huet den Anthony Hopkins an den 1990er Jore säi groussen Duerchbroch gefeiert. Nieft dem Film a Schauspill huet den Hopkins awer eng immens grouss Léift zur klassescher Musek.
Mat nëmme 4 Joer hätt den Anthony Hopkins sech schonn un de Piano gesat an eegen Téin ugefaangen auszetüftelen. An effektiv huet de Schauspiller schonn 1986 säin éischt Wierk "Distant Star" erausbruecht.
"Life Is A Dream", esou soll da säin neitsten Album heeschen. Beim Label Decca Classic wäert den Album den 21. August released ginn. Vill Wierker vun dëser Produktioun wiere Kompositiounen, déi de Museker eng laang Zäit begleeden. Et ass deementspriechend een Album mat perséinleche Messagen an Erënnerungen aus der Kandheet, deen eis erwaart.
Den Album ass dës weideren eng Zesummenaarbecht mam London Philharmonic Orchestra an dem Gustavo Dudamel, de venezianesche Cellist Gregorio Nieto, dem Bach Choir an de Chouersänger aus der Winchester Kathedral.