Ronn 200 Chéier hu sech dëst Joer bei engem ganz besonnesche Projet gemellt. "Singen mit Sir Simon" ass eng Initiativ vum Stardirigent Sir Simon Rattle a sengem Orchester vum Bayerischen Rundfunk. D'Zil ass et, fir Amateurchéier aus ganz Bayern d'Méiglechkeet ze gi mat engem Profiorchester ee Concert dierfen ze spillen an ze sangen.
Bei engem Concert leschte Weekend am Circus-Krone-Bau zu München hunn nieft de Chouer- an Orchestermuseker:innen och 528 Amateur Sänger:innen aus ganz Bayern matgemaach.
Ee weidere Concert ass den 12. Juli zu Bad Kissingen an Däitschland.