Den Echterclassic Festival wäert dëst Joer vum 9-11. Oktober am Trifolion stattfannen an dëst Joer sinn nees renomméiert Kënschtler:innen, déi optrieden: De Festival start mam Meedercherschouer Scala & Kolacny Brothers, deen en plus säin 30. Jubiläum dëst Joer feiert. Déi franko-israeelesch Mezzosopranistin Naama Liany hëlt eis mat op eng Rees duerch d'Klangwelt vum 20. Joerhonnert mat engem Concert ënner dem Titel “Cité d'Amour”. De Saxofonist Andreas Mader presentéiert säin neie Projet “IN MOTION": zesumme mat 12 Museker:innen gëtt d'Musek mat Beweegungen a visuellen Elementer vermëscht. A schlussendlech gëtt de Festival mat enger Matinée ofgeschloss, bei där den Duo Kiasma mam Pierre Fontenelle a mam Frin Wolter d'Kläng vum Akkordeon a vum Cello anenee verschmëlze léisst. Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Trifolion. Den Ticket fir déi 3 Deeg Festival kascht 99 €, bzw 69 € fir Leit ënner 27 Joer. Tickete fir d'Concerte kënnen awer och eenzel kaaft ginn.
D'Programmatioun vum Festival Echterclassic ass eraus!
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
"Mein lieber Schwan" - Een Zitat aus "Lohengrin" vum Richard Wagner
“Mein lieber Schwan” - Wosst dir, datt dës Riedensaart eréischt duerch dem Richard Wagner seng Oper “Lohengrin” berüümt gouf?
Zu Liefzäiten ënnerschat - Wie war d’ Rebecca Clarke ?
Vun enger talentéierter Braatschistin zu enger vun de bedeitendste Komponistinne vum 20. Joerhonnert. Dat war de Liewenswee vun der Musekerin Rebecca Clarke.
Original Géigestänn vum Freddie Mercury kommen ënnert den Hummer!
3 Millioune Pond ginn sech ë.a vum Freddie Mercury sengem Piano, dem Teddybier oder och Mikrofon bei enger Auktioun an England erwaart.
Méigleche Streik beim Boston Symphony Orchestra?!
Nodeems de Chefdirigent Andris Nelsons säi Kontrakt net verlängert kritt, sinn d'Musekerinnen an d'Museker vum Boston Symphony Orchestra kuerz virdrun ze streiken.
Anne Sophie Mutter feiert viru 50 Joer hiren Debut als Geiistin
Den 23. August 1976 feiert dat deemools 13 Joer jonkt Anne Sophie Mutter hiren Debut zu Meggen bei Luzern. Vun hirem Brudder um Piano begleet gëtt si schnell zu engem Phänomen.
Lëtzebuerger Tingshuo Yang gewënnt Uergelconcours an Nordirland
Den éischte Präis bei der Northern Ireland International Organ Competition geet un de jonke Lëtzebuerger Organist Tingshuo Yang.
“Ich habe die große Ehre, auf dem Instrument von Mozart zu spielen"
Den 12. September 2026 spillt den David Garrett zu Salzburg e Benefice-Concert op der "Dalla-Costa-Gei" vum Wolfgang Amadeus Mozart
Klassik bis an den Technoclub - Daniel Barenboim grënnt neie Festival
Mat dem "West-Eastern Divan Festival" wëll den 83 Joer alen Dirigent a Pianist Daniel Barenboim zu Berlin d'Klassik bis an den Technoclub Berghain bréngen.
Nei Doku iwwer d'Yuja Wang
D'Regisseurin Lorna Tucker erméiglecht e Bléck hanner d'Kulissen vun enger Weltkarriär.
7.900 Nolauschter:innen pro Dag um Opus
Merci fir d'Nolauschteren! 7.900 Nolauschterinnen a Nolauschterer am Dag - esou vill Leit erreecht den Opus.
Fir d’Klassik- a Kinosfans: Stradivari-Film an den däitsche Kinoen
Véier seele Stradivari-Instrumenter fir ee Concert zesummebréngen - kléngt einfach, mee d’Museker selwer mussen och zesummefannen ...
210 Figure geklaut – Mozart Expo geet méi fréi wéi geplangt op een Enn
Dat war wuel ee “Satz mit X”... D’Salzburger Expo vum Ottmar Hörl mat e puer honnert Mini-Mozarten am Mirabellegaart muss méi fréi wéi geplangt zougemaach ginn.
Pianist ersetzt Solist an Dirigent bannent Stonne spontan um Concert
Fir ee Concert bei de Weilburger Schlosskonzerte soll de Pianist Frank Dupree spontan fir de Solist asprangen. Mee kuerz virum Optrëtt muss dunn och nach den Dirigent ofsoen ...
Venant Arend - Ee Réckbléck op 91 Joer Karriär
Aus dem noe Frëndeskrees gouf den Opus gëschter gewuer, datt de Lëtzebuerger Tenor Venant Arend den 8. August am Alter vun 91 Joer gestuerwen ass. Ee Réckbléck
220. Doudesdag vum Michael Haydn
Haut am Schiet vu sengem grousse Brudder, mee zu senger Zäit bekannt an aflossräich
Mat bestoende Wierker a KI per Klick zum neien Hit? - Ouni d'GEMA!
D'US-Firma an App Suno dierf bestoend Hits net ouni Accord notzen. Rezent goufen Tester gemaach, bei deenen erauskoum, datt KI-generéiert Hits verdächteg änlech zum Original waren
Eng Kompositioun iwwer 639 Joer! - Tounwiessel zu Halberstadt
Dem John Cage säin "As Slow ass Possible" ass eng Uergelkompositioun, déi 639 Joer laang dauert. Beim längste Museksstéck vun der Welt gouf et gëschter no 2,5 Joer en Tounwiessel.
KI bei de Festspiller: Applaus fir d’Musek, d’Biller ginn ausgepaff
Zum 150. Jubiläum vum "Ring des Nibelungen" wollt Bayreuth mat Kënschtlecher Intelligenz Neies woen. Dëst koum beim Public awer net gutt un.
72 Stonnen Trombonnemusek um Stéck - ee Weltrekord?
Déi evangelesch Trombonnechéier aus Bayern hunn an der Jakobskierch zu Nürnberg 72 Stonne um Stéck gespillt.