D'Bachvereenegung Lëtzebuerg fänkt d'Saison 26/27 exklusiv mat fréie Kantate vum J. S. Bach un. Fir d'Chrëschtzäit ginn dann déi dräi éischt Kantaten aus dem Weihnachtsoratorium opgeféiert.
Bei deene meeschte Concerte gëtt et eng Aféierung an dat jeeweilegt Wierk. Firwat dat Konzept vum Concert-Conférence an Zukunft vläicht manner gemaach gëtt a firwat Ad Libitum bei all de Concerte bis Dezember matprogramméiert ass, dat verréit de Rosch Mirkes, Trésorier vun der Bachvereenegung.