“Life is a Dream” – esou heescht den Debut-Album vum 88 Joer alen Anthony Hopkins. Mir kennen hien als erfollegräiche Schauspiller an zweefachen Oscargewënner. Mat dëser Produktioun huet den Hopkins sech säin eigentleche Liewensdram erfëllt: Hien huet sech als Museker ausgelieft a seng Kompositiounen aus de leschte 60 Joer verëffentlecht.
Et si lauter Stécker, déi dem Anthony Hopkins seng Biographie erëmginn. Opgeholl gouf d'Musek vum Gustavo Dudamel, dem Philharmonia Orchestra an den zwee Chéier “The Bach Choir” an “The Boy Choristers of Winchester Cathedral. De Kontakt zum Dudamel huet dem Hopkins seng Fra Stella iwwer de Schauspiller Bradley Cooper (bekannt aus 'A Star is Born', "Guardians of the Galaxy' oder 'Hangover') an d’Weeër geleet.
Déi komplett Anekdoten hannert dësem Album gitt Dir am Gespréich tëscht dem Christophe an dem Lex Kauffmann aus der Opus Klassiksredaktioun gewuer.