Live Invité am Harmonesche Moien ass haut de Lëtzebuerger Militärmuseker a Lieutenant Chef de Musique adjoint Jean Thill.
Joerzéngte laang souz hien op der Trombonn an dem Euphonium als Militärmuseker an de Reien. Am Oktober 2022 gëtt hien dann zum Dirigent adjoint vun der Militärmusek ernannt. Mee elo geet et an déi wuelverdéngte Pensioun.
An all deene Joren huet de Vollbluttmuseker vill erlieft, arrangéiert, dirigéiert.
U wéi eng Momenter kann hien sech haut nach erënneren? Wéi waren déi éischt Deeg als Militärmuseker an huet hien sech all musikaleschen Dram erfëllt, deen hien sech virgeholl hat?
Dat verréit de Jean Thill am Gespréich mam Lex Kauffmann.