Nodeems mir vum Opus schonn op Besuch bei der Fanfare vu Bouneweg waren, si mir och an de Süden op Monnerech gefuer. D'Harmonie Monnerech ass déi zweet Musek aus dem Land, déi sech fir de World Music Contest zu Kerkrade an Holland qualifizéiert huet.
Am Gespréich mam President Christophe Heck an dem Dirigent Sebastian Geis krute mir een Abléck an déi lescht Méint mat intensive Prouwen a Preparatiounen.
No Concoursen zu Wien a Riva geet ee mat Kerkrade elo gären eng nei Erausfuerderung un.
Ee Reportage vum Lex Kauffmann