Intensiv Stonnen, Deeg, Wochen, jo esouguer Méint leien hanner de Museker:inne vum ONJ, dem Orchestre National des Jeunes du Luxembourg. Den ONJ ass nämlech mat engem Programm an der Ënnerstëtzung vum däitsche Pianist Joseph Moog déi lescht Deeg vill ronderëm gereest. Ugefaange mat engem Concert zu Miersch am Theater, iwwer Apeldoorn an Holland bis hin zum groussen Optrëtt sonndes am Konzerthaus Berlin.
De Lex Kauffmann vum Opus huet si en Deel op dëser Rees begleet. En éischte Bilan kënnt dir hei lauschteren.