Sécherheetsincident: Site vun ADEM-Jobofferen ass zënter e Mëttwoch net disponibel
Wéinst engem sécherheetstechneschen Incident gouf de Site vun den Joboffere vun der ADEM, den "JobBoard", e Mëttwoch schonn offline geholl ginn. Dat deelt d'Aarbechtsamt an engem Schreiwes mat. Aktuell géif analyséiert ginn, wat genee virgefall ass.
ADEM (aalt Gebai) (Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)
De Site bleift den Ament nach offline. Leit, déi probéieren, drop ze kommen, ginn automatesch op den europäeschen Equivalent weidergeleet, heescht et am Communiqué.
D'Declaratioune vun Aarbechtsplaze wier net ageschränkt, preziséiert d'ADEM. An och de Service vun der ADEM géif normal weiderlafen.