Den Audit vun der staatlecher IGF war zur Conclusioun komm, dass d’Verwaltung bis zu der “Limitt vun hire strukturelle Capacitéiten” operéiere géif. D’Inspection generale des Finances hat Verbesserunge proposéiert, déi deene Gréngen no elo missten ëmgesat ginn.
Si zéien nämlech véier grouss Kritikpunkten aus dem Audit. Dat wieren d’Gouvernance, d’Capacitéiten an Infrastrukturen, d’Kontroll iwwer d’Benotze vun ëffentleche Suen an d’Qualitéit vum Accueil.
déi gréng wëllen net op den neien Direkter waarden
D’Djuna Bernard fënnt, datt zënter der Verëffentlechung vum Audit am Abrëll ze wéineg geschitt wier. Och fir den Austausch mam DP-Familljeminister an der Chamber hätt si sech méi vum Max Hahn erwaart.
"Ech hat mer gewënscht, datt Dir sot, mir huelen dat dote ganz eescht, mir hunn eng Taskforce, den neien Direkter schafft drop a mir wäerten elo XY maachen an ëmsetzen a mir kommen och heihinner de Reporting maachen."
Et wier elo hinne fir ze kontrolléieren, ob d'Regierung dat ëmsetzt, wat der Chamber presentéiert gouf.
"Ech hat mer gewënscht, dass Dir vun Iech aus sot, ech komme vu mir aus ganz gären heihinner de Suivi maachen."
Minister huet verschidde Recommandatiounen ëmgesat
Am Januar fänkt de Xavier Poos als neien Direkter vum ONA un. D’Djuna Bernard fënnt, dat sollt awer kee Grond sinn, fir bis dohin net un enger Strategie ze schaffen.
"Si mir elo an enger Phas, datt Dir sot, dat mécht dann eréischt deen neien Direkter a bis dohinner gëtt sech doriwwer keng Gedanke gemaach? Oder gouf awer elo tëschent Abrëll a bis de Januar awer scho Reflexioun en place gesat?"
De Max Hahn huet doropshin drop opmierksam gemaach, wat zënter dem Audit alles u Recommandatiounen ëmgesat gouf.
"Ech hunn Iech zum Beispill méi Presenz genannt. Ech hunn Iech de Whistleblower Reporting genannt. Ech hunn Iech dat gesot am Virfeld mat Bâtiment public, de Méijoresplang, dee mer wäerten ausschaffen."
D’Iddi, den ONA zu engem Etablissement public ëmzeänneren, gehéiert zu de Saachen déi de Max Hahn eréischt mam neien Direkter wéilt beschwätzen. Esou datt de Sujet am neie Joer aktuell bleift.