Staatsbudget 2027

Kritik vun der Oppositioun: Vill Suen, mee ze wéineg strukturell Äntwerten am Budget

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet haut de Staatsbudget 2027 an der Chamber deposéiert a virgestallt. D'LSAP an déi gréng stellen d'Nohaltegkeet vun de Staatsfinanzen a Fro, d’ADR kritiséiert déi weider Scholden an déi Lénk d'Prioritéite vun der CSV-DP-Regierung.

auto_stories

2 min

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Vill Suen ausgi wier nach laang keng politesch Strategie, seet d'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding. Hir feelt virun allem eng kloer Äntwert op strukturell Problemer am Staatsbudget fir 2027, zum Beispill beim Logement oder an der Educatioun.

"Dëse Budget huet ganz vill Milliounen. En huet awer keng kloer Richtung."

Zweiwel um Opschwong duerch dee Budget

Déi Lénk kritiséieren hirersäits och d'Prioritéite vun der Regierung. De Staat géif zum Beispill beim Logement zwar ëmmer nees grouss Zommen an de Budget aschreiwen, entscheedend wier awer, ob domat och tatsächlech Wunnenge gebaut ginn, seet den Deptuéierten David Wagner. 

"Do ginn déck Poste festgeschriwwen, mee déi Sue ginn net onbedéngt erëm depenséiert duerno am Laf vum Joer. Dat heescht: Déi Wunnengen, déi entstinn net."

Och déi gréng zweiwelen um versprachenen Opschwong. D'Sam Tanson kritiséiert, datt de Staat weider Defiziter mécht an d'Schold méi staark klëmmt wéi bis elo virausgesot. Gläichzäiteg géif d'Regierung d'Steiere weider erofsetzen.

"Mir vermëssen do de Facteur vun der Ëmverdeelung an deem ganze Pak. Wien huet am meeschten, wie muss vläicht e bësse méi an dësen Zäite contribuéieren? Amplaz einfach ze soe mir setzen d’Steieren erof."

CSV an DP verteidegen de Budget

D'Piraten deelen déi Kritik un der Steierpolitik zum Deel. De Marc Goergen begréisst zwar eenzel Mesuren, wëllt awer zum Beispill, datt Gewënner beim Verkaf vun Aktie konsequent besteiert ginn. 

D'ADR setzt de Fokus virun allem op d'Staatsschold. Dozou de Fred Keup. 

"Mat DP-CSV gëtt et nach méi Defizit an nach méi Scholden. An ech mengen, dat ass eng Richtung, déi net gutt ass fir eist Land."

D'Regierungsparteie weisen déi Kriticken zeréck. Fir den DP-Deputéierten André Bauler ass et en offensive Budget, deen d'Kafkraaft stäerkt an an Infrastruktur, Bildung, Gesondheet a Sécherheet investéiert.

Den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet argumentéiert, datt Lëtzebuerg trotz dem schwieregen internationalen Ëmfeld genuch Spillraum hätt, fir d'Leit ze entlaaschten an héich Investitiounen ze maachen.