CSV-Fraktioun

Laurent Zeimet: Keng CSV-Brandmauer géint aner Parteien

De Rietsruck an Europa mécht dem Laurent Zeimet Suergen. Dat sot CSV-Fraktiounschef um Donneschdeg op engem informellem Pressebriefing.

auto_stories

1 min

Laurent Zeimet (CSV) | © Chambre des Députés
Laurent Zeimet (CSV) (Foto: Chambre des Députés )

Virun allem déi rasant Verbreedung vu rietsextreme Contenuen an de soziale Medie wier erschreckend, esou den CSV-Politiker.

Mat Bléck op d’Situatioun an Däitschland, wou et eng politesch "Brandmauer géint Riets" gëtt, an d’Parteien eigentlech net mat der AfD zesumme schaffen, sot de Laurent Zeimet, bei der CSV géif et kee Parteibeschloss ginn, deen eng Brandmauer géint déi eng oder aner Partei géif opriichten.

Op d'Fro ob d'CSV à ce stade eng Koalitioun mat der riets-konservativer ADR géif agoen, sot de hie politesch géif ee wäit ausernee leien.