National

Nei Prozedur: Titre de séjour muss elo op enger Lëtzebuerger Ambassade ugefrot ginn

Fir Leit aus Drëttstaten, déi sech zu Lëtzebuerg néierloosse wëllen, gëtt et vun haut un eng nei Prozedur fir eng Openthaltsgeneemegung unzefroen. Dës wier eng Harmoniséierung mat EU-Praktiken, esou den Aussen- an den Inneministère. Déi nei Prozedur gouf schonn am Juli 2025 vum Ministerrot ugeholl.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© dpa | Boris Roessler play_arrow
(Foto: dpa | Boris Roessler)

Nei bei der Immigratiounsprozedur fir en Titre de séjour unzefroen ass, datt déi Betraffen hir Demande elo bei der Lëtzebuerger Ambassade an hirem Heemechtsland oder, wann de Grand-Duché do keng Ambassade huet, bei där aus der Belsch maache kënnen.

Dat heescht, Demandeure mussen net méi iwwer d’Direction de l’immigration fueren. 

ASTI: An der Theorie wier et eng Vereinfachung

Fir d’ASTI, d’Association de soutien aux travailleurs immigrés, ass dat an der Theorie eng Vereinfachung. 

Dem Sergio Ferreira no bléift awer an der Praxis ze kucken, ob sech déi nei Prozedur bewäert. Si kéint fir de politeschen Direkter vun der ASTI nämlech och en Découragement duerstellen, well net all Land eng lëtzebuergesch Ambassade huet. D’Leit an den Ambassadë missten déi nei Prozedur och kennen.

“Bei eisen Ambassadë fäerte mir dat net. Mee op Plazen, wou mir keng Ambassade hunn, ass oft, datt déi belsch oder aner Ambassadë soen: Pardon, mee et gëtt déi dote Méiglechkeet net."

Deemno missten d’Partner besser iwwer d’Lëtzebuerger Prozeduren informéiert ginn, esou de Sergio Ferreira, fir deen och ze kucke wier, a wéi wäit een déi néideg Demarche online maache kéint, ouni op eng Ambassade mussen zeréckzegräifen.

Dausende Leit vun neier Prozedur betraff

Datt bis elo e Familljemember hei am Land de Prozess mat enger Procuratioun lancéiere konnt, dierft vun elo u wuel net méi méiglech si fir Leit mat engem Lien zu Lëtzebuerg. Den ASTI-Responsabele bedauert dat.

Sengen Informatiounen no géifen tëschent 3.000 bis 4.000 Leit all Joer eng Demande fir en Titre de séjour pour travailleurs salariés deposéieren. 

“Mir hunn d’Regroupement familial-Prozeduren, dat heescht Dausende Leit gi vun dëser neier Prozedur impaktéiert.”

Datt e weidere Gesetzprojet zum dësem Theema, deen zejoert deposéiert gouf, nach net duerch d’Chamber ass, fënnt de Sergio Ferreira och schued.

Duerch dëse Projet de loi kéint d’Dauer vun enger Openthaltsgeneemegung nämlech op zwee Joer eropgesat ginn, wat och d’Direction de l’immigration entlaaschte kéint. Dat war politesch awer, wéi et schéngt, keng Prioritéit. 

Just d'Implementéierung vum Pacte sur la migration et l'asile wier prioritär behandelt ginn, an domat wieren d’Prioritéite falsch gesat ginn, seet den Directeur politique vun der ASTI.

Lauschterenplay_arrow