Staatsbudget 2027

D'Oppositioun wonnert sech iwwer d'Rechnunge vun de Recettë vum Enregistrement

Um Moien nodeems de Finanzminister Gilles Roth de Budget fir 2027 an der Chamber agereecht huet, hunn d’Membere vun der Finanzkommissioun mat hirer Aarbecht ugefaang. Als éischt Rendez-Vouse stoungen Echangë mat der Administration de l’Enregistrement et de la TVA a mat der Douane um Ordre du Jour.

auto_stories

2 min

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

D’Deputéiert sinn dobäi méi am Detail gewuer ginn, mat wat fir Recetten d’Verwaltungen d’nächst Joer rechnen.

Iwwerrascht iwwer d'Rechnunge vum Enregistrement

Net fir all d'Deputéiert waren dës Rechnungen novollzéibar. Den LSAP-Politiker Franz Fayot beispillsweis huet sech iwwer déi optimistesch Erwaardunge beim Enregistrement gewonnert. Deenen hirt Haaptakommes ass d'TVA. 

"Wou si dovunner ausginn, datt se sech wäert positiv entwéckelen d'nächst Joer, mat enger Hausse vun ëm déi 7 Prozent. Beim Enregistrement, do gi se vun enger staarker Hausse aus vun 22 Prozent."

Hien hätt Problemer déi geschaten Hausse nozevollzéien, seet den LSAP-Deputéierten. 

"Well den Immobiliemaart awer nach ëmmer schwächelt an och viraussiichtlech net wäert esou staark wuessen. (...) Dofir ass do awer fir mech e Fragezeichen dohannert." 

Och déi gréng Deputéiert Sam Tanson weist sech iwwerrascht iwwer déi Rechnungen. 

Rechnunge bei den Tubaksaccisen stoussen op Kritik

déi gréng begréissen awer grondsätzlech déi annoncéiert Hausse vun den Accisen um Tubak. Och iwwer déi goufen et an der Chamberkommissioun Detailer. 

Et misst een awer wëssen, datt dëse Schrëtt direkt mat der geplangter Accisenerhéijung an Däitschland géif zesummenhänken, esou déi Gréng Oppositiounspolitikerin. 

"Ech bedaueren déi Politik, wou weider drop gesat gëtt, fir d'Gesondheetspolitik och vun den Nopeschlänner auszehielegen, wann ee weess, datt just 10 Prozent vun den Zigaretten, déi hei kaaft ginn, och hei am Land consomméiert ginn."

D'Projektioun vum Konsum an deenen nächste Jore bleift iwwerdeems stabel, gëtt déi gréng Politikerin ze bedenken. 

"Woubäi een awer weess, datt et op europäeschem Niveau Diskussioune gi fir méi eng grouss Harmoniséierung bei den Tubakssteieren eranzekréien, fir eeben ze verhënneren, datt et do déi Course no ënne gëtt, fir eng Konkurrenz op engem gesondheetsschiedlechem Produkt ze ënnerstëtzen." 

D'Douanesverwaltung wier sech deenen aktuellen Diskussioune bewosst. An de Projektioune géif een awer weiderhi vun héiche Recetten ausgoen, kritiséiert d'Sam Tanson.