Hannergrond ass de Match vun der Escher Jeunesse de leschte Weekend géint Käerjeng. Beim üblechen Ofklappe mat de Supporter nom Match hat sech e Spiller vun der Jeunesse geweigert, de weibleche Fans d'Hand ze ginn.
Dëst huet och baussent der Escher Fanzeen, besonnesch op de Soziale Medien, fir Opreegung an intensiv Diskussioune gesuergt.
Spiller hätt aus reliéise Grënn gehandelt
Vun der Jeunesse hat et geheescht, datt et dem Spiller zu kengem Ament u Respekt par rapport zu de weibleche Supporter gefeelt hätt. Hien hätt aus reliéise Grënn den Handschlag refuséiert.
D‘Jeunesse hofft elo, datt déi neutral Préiwung vun der emotionaler Social-Media-Debatt lassgeléist ka sinn. De Veräi wier an der Affär a Kontakt mam Sportsministère an och der Fussballfederatioun FLF.
National Ethikkommissioun ass nach nei
Déi national Ethikkommissioun fir de Sport (CNES) ass nach zimmlech nei. Eréischt virun e puer Deeg goufen all hir Memberen endgülteg festgeluecht. Am Mäerz hat d'CSV-Sportministesch Martine Hansen se annoncéiert.
Bestriewungen dofir ware schonn ënner hirem Virgänger a Parteikolleeg Georges Mischo opkomm. Ausléiser dofir war dem Gerson Rodrigues seng Nominéierung fir d'Lännermatcher vun der Nationalekipp, obwuel hie wéinst Kierperverletzung verurteelt gi war.