De Problem, mat deem ee konfrontéiert wier, hätt näischt direkt mam Veräin ze dinn, erkläert de President vun der Jeunesse Esch, de Marc Theisen, am 100,7-Interview.
"Ech mengen, dat ass eng allgemeng Problematik, wéi een ethesch gesinn oder reliéis, wéi ee vis à vis vu senger zweeter Persoun behëlt."
Déi national Ethikkommissioun huet sech rezent eréischt gegrënnt. Eréischt virun e puer Deeg goufen all hir Memberen endgülteg festgeluecht. Am Mäerz hat d'CSV-Sportministesch Martine Hansen se annoncéiert.
Fachleit fir en "allgemenge" Problem
De Marc Theisen erwaart sech an enger éischter Etapp, datt d'Kommissioun hir Demande als recevabel erkläert a sech dem Problem unhëlt.
"Et ass am Fong eng Hëllef, déi mir vun där Institutioun froen. A wou ech och iwwerzeegt sinn, datt mir eng konstruktiv Äntwert op deen allgemenge Problem kréien."
Et wier elo net un der Jeunesse fir an déi eng oder aner Richtung Lektiounen ze verdeelen. Dofir wéilt een eng Aschätzung vu Fachleit, seet de President vum Escher Veräin.