Sonndesfro

ILRES-Sonndesfro: 76% wëllen Tankrabatt verlängeren, 58% gi vun engem Rietsruck aus

Am Optrag vun RTL a Wort huet ILRES tëschent dem 22. September an dem 2. Oktober ronn 1.900 Persounen zu Lëtzebueger interviewt, fir sech e Bild vun der aktueller politescher Stëmmung zu Lëtzebuerg ze maachen.

auto_stories

2 min

Symbolbild Meenungsëmfro | © picture alliance / Westend61 | Gary Waters
Symbolbild Meenungsëmfro (Foto: picture alliance / Westend61 | Gary Waters)

Aus dem éischten Deel vun der Sonndesfro war ervirgaangen, datt d'CSV-DP-Regierung aktuell keng Majoritéit méi hätt. Déi riets ADR kann iwwerdeems am Sondage bäigewannen. 

Gëschter gouf och den zweeten Deel verëffentlecht. Dobäi geet et net ëm d'Parteipolitik mee ëm déi thematesch Schwéierpunkten, déi d'Leit zu Lëtzebuerg beschäftegen. 

Fir Reduktioun vun de Spritpräisser

Dobäi huet sech eng grouss Majoritéit vun de Befroten, nämlech 76 Prozent, dofir ausgeschwat, datt den Tankrabatt - eng Mesure aus der Tripartite - weider verlängert gëtt. 

Och de Klimawandel beschäftegt d'Leit. 90 prozent si ganz averstanen oder éischter averstanen, datt méi muss an de Schutz vum Klima investéiert ginn. Just 7 Prozent drécke sech dogéint aus. 

77 Prozent sinn der Meenung, datt de Lëtzebuerger Staat méi staark a Läschkapazitéiten aus der Loft, also Läschhelikopteren oder Läschfligeren, investéiere soll. 

Géint Walrecht fir Lëtzebuerger am Ausland

An de Stied soll méi fir d'Sécherheet gemaach ginn. Där Meenung si 87 Prozent vun de Befroten. Deemno solle Police, Staat a Justiz méi streng géint Persounen, déi fir Onrou suergen, virgoen. 

Rietspopulismus verbreet sech iwwerdeems laut 58 Prozent zu Lëtzebuerg. 35 Prozent sinn awer der Meenung, datt et zu Lëtzebuerg net zu enger Entwécklung wéi a Frankräich an Däitschland, wou rietspopulistesch Parteien ëmmer méi Zousproch kréien, komme wäert. 

Fir eng Limitatioun vun der Zouwanderung si 60 Prozent. 34 Prozent schwätze sech dogéint aus. 

Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen an nach ni zu Lëtzebuerg gelieft hunn, solle laut 65 Prozent vun de Befroten kee Walrecht hunn.