Domat géif se vun aktuell 2.436 op ronn 2.707 Euro klammen.
Der CSL no geet eng Karriär vu 40 Joer haut net duer, fir Pensionéierter virum Aarmutsrisiko ze schützen. Besonnesch Frae géife vun enger Erhéijung profitéieren, well bal 80 Prozent vun de Persounen, déi en Zouschlag op d'Mindestpensioun kréien, Frae sinn.
Sozialhëllef dierft keng Pensioun ersetzen
D'CSL kritiséiert och déi vun der Regierung geplangte finanziell Hëllef fir eeler Leit. Sozialhëllef dierft keng adequat Pensioun ersetzen.
D'Käschte vun der proposéierter Erhéijung leien der CSL no bei eppes méi wéi 30 Milliounen Euro d'Joer.
Obwuel d'Chambre des salariés keng politesch Partei an der Chamber ass, huet si d'Méiglechkeet Gesetzesproposen auszeschaffen an anzereechen.
Fannt hei d'Propos vun der CSL