Staatsbudget 2027

Gemëschte Reaktioun vun OGBL an CGFP, Kritik vum MouvEco um Budget fir d'nächst Joer

Den OGBL begréisst déi sozial Mesuren an déi héich Investitiounen, kritiséiert awer déi weider Baisse vun der Betribsbesteierung. D'CGFP begréisst d'Bekenntnis zum Index, wënscht sech awer eng méi wäitgoend Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun.

auto_stories

2 min

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet haut de Budget fir d'nächst Joer an der Chamber deposéiert a virgestallt. D'Oppositioun huet sech kritesch gewisen a virop fonnt, et géif un enger klorer Linn feelen fir strukturell Ännerunge virzehuelen. 

Fir de Mouvement écologique gëtt de Budget der Klima- a Biodiversitéitskris dogéint net gerecht. Si begréissen zwar d'Verlängerung vum Klimabonus fir Wunnen a Mobilitéit. Dat wieren awer gréisstendeels scho bekannt Mesuren.

MouvEco: "Net zukunftsorientéiert"

Nei Akzenter zum Beispill beim Waasserschutz oder der Biodiversitéit géife feelen. Virun allem kritiséiert d'Presidentin Blanche Weber, datt d'Regierung weider op ekonomesche Wuesstem setzt, ouni ze differenzéieren, a wéi enge Secteuren dëse Wuesstem nach sënnvoll an nohalteg wier. 

"Si si meilewäit dovun ewech, der Klima- an der Biodiversitéitskris gerecht ze ginn. Si sinn erschreckend, enttäuschend an net zukunftsorientéiert."

CGFP: "Mir hate méi gefuerdert"

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP reagéiert fir de Moment méi positiv, seet hire President, de Romain Wolff. 

"Mir hätte léiwer gehat, eng Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun, déi méi wäit geet wéi déi eng Tranche, déi an der Tripartite jo decidéiert ginn ass. Mir hate méi gefuerdert. Bon, et ass net zu méi komm."

OGBL: Kritik um Erofsetze vun der Betribssteier 

Den OGBL begréisst, datt Mindestlounempfänger entlaascht ginn an d'Investitiounen op engem héijen Niveau bleiwen. En Deel vun de soziale Mesurë géif allerdéngs schonn aus dem Resilienzpak kommen, deen d'Sozialpartner mat ausgehandelt hunn.

Kritesch gesäit den David Angel vum OGBL virun allem, datt d'Betribsbesteierung nach eng Kéier erofgesat gëtt.

"D'Haaptsteierlaascht zu Lëtzebuerg gëtt vun de Menagë gedroen a vun de schaffende Leit. An dat kritiséiere mer ëmmer erëm."

Och beim Logement vermësst den OGBL eng méi grouss Visioun. Déi annoncéiert Mesurë géifen der Logementskris net gerecht ginn, déi besonnesch fir jonk Leit an ëmmer méi och fir d'Mëttelschicht e Problem wier.