Spuenien

No Masseprotester wéinst Logementskris: Spuenesche Premier Sanchez rifft Neiwalen aus

De spuenesche Premier Pedro Sánchez vun der sozialistescher Partei huet de Moien op der spuenescher Televisioun virgezunnen Neiwalen ugekënnegt. Dat fir de 29. November. Hannergrond sinn d‘Masseprotester a Spuenien géint d‘Logementskris am Land.

auto_stories

1 min

© EPA/RODRIGO JIMENEZ
(Foto: EPA/RODRIGO JIMENEZ)

Déi Protester hu sech weider massiv ausgebreet nodeems d‘Parlament d‘leschte Freideg Mesurë géint d‘Wunnengsnout ofgeleent huet, déi dem Pedro Sánchez seng Minoritéitsregierung proposéiert hat. 

"Spuenie muss sech decidéieren, ob et sech der rietser Well wëllt uschléissen oder weiderhi wëllt eng Bastioun vun der sozialer Gerechtegkeet bleiwen." 

Hannergrond si Masseprotester 

Datt seng Proposen net duerchkomm si läit ënner anerem drun, datt déi konservativ, pro-independentistesch Katalanepartei Junts vum Carlos Puigdemont net méi mat der Majoritéit matstëmmen, well si viru knapp engem Joer an d'Oppositioun gewiesselt sinn.

Wéi schonn dacks virdrun haten och Oppositiouns-Deputéierter vun ënner anerem der konservativer Partei PP géint d‘Regierung gestëmmt.

Hannergrond si Masseprotester zu Madrid, déi ausgeléist goufen nodeems eng 87 Joer al Fra aus der Wunneng sollt erausgehäit ginn, an där sinn zënter 1956 gewunnt huet. D'Fra dierf zwar elo weiderhin an hirer Wunneng bleiwen, d'Protester ginn awer weider a fuerderen ënner anerem ee bessere Schutz vu Locatairen.