Spuenien

Zéngdausende Leit zu Madrid op de Stroosse fir géint d'Wunnengsnout ze demonstréieren

Ausléiser vun den aktuelle Protester zu Madrid ass, datt eng 87 Joer al Fra, d'Maricarmen Abascal, aus hirer Wunneng, an der si zënter 1956 gelieft huet, erausgehäit gouf. Dat ganzt Gebai gouf un eng Immobilienentreprise verkaaft, déi hire Vertrag als ongülteg erkläert hunn.

auto_stories

1 min

© EPA/RODRIGO JIMENEZ
(Foto: EPA/RODRIGO JIMENEZ)

Dem spueneschen Ausseministère no waren eng 25.000 Mënsche bei der Demonstratioun ënner dem Motto "Keng weider Maricarmen" dobäi. Den Organisateuren no waren et der ronn 300.000. 

Eng Plaz mat Geschicht

D'Nuecht iwwer hunn Honnerten Demonstranten hir Zelter op der berüümter Plaz Puerta del Sol opgeschloen. Déi Plaz ass net zoufälleg gewielt ginn - Schonn 2011 huet sech d'Beweegung 15-M op der Plaz versammelt a méi direkt Biergerbedeelegung, méi sozial a wirtschaftlech Gerechtegkeet, souwéi manner Korruptioun gefuerdert, andeems se d'Plaz wochelaang mat Zelter belagert hunn. 

Déi aktuell Protester riichte sech esouwuel un de spuenesche Premier Pedro Sanchez, wéi och un déi konservativ Regionalregierung. Gefuerdert gëtt eng automatesch Verlängerung vu Mietverträg op eng onbestëmmten Zäit, ee bessere Schutz virun Zwangsräumungen, sou wéi eng Reguléierung vum Verloune vu Kummeren. 

Regierung reagéiert

D'Regierung schafft elo ënner dem Drock vun de Protester fir en Dënschdeg een neie Gesetzesprojet aus fir d'Wunnsituatioun ze veränneren. Ënner anerem sollen an deem Projet d'Zwangsräumunge méi streng reguléiert ginn. 

D'Regierung vum Pedro Sanchez ass a Verhandlunge fir déi néideg Majoritéit zesummenzekréien.