Am fréien Owend soll de Poopst sech mat siwen Mënschen treffen, déi Affer vu sexuellem Mëssbrauch bannent der Kierch goufen.
Kritik gëtt et ënner anerem well et just siwen Affer sinn déi hir Geschicht deele kënnen. Och ass kee Representant vun engem Kollektiv vun Affer derbäi mee just déi individuell Persounen.
Dobäi gëtt vum Poopst Leo grad a Frankräich eng kloer Positioun erwaart. Fënnef Joer ass et hir, datt ee Rapport erauskomm ass, dee beleet, datt ronn 330.000 Kanner zënter 1950 Affer vu sexuellem Mëssbrauch an der franséischer Kierch goufen.
De Poopst mat subtille Messagen
D'Fassad vun der Basilika zu Lourdes, an der de Poopst haut seng Mass hale wäert, gouf mat Mosaikssténg bedeckt. Dat, well de slowenesche Paschtouer, deen d'Fassad gemaach huet, de Marko Rupnik, och wéinst sexueller Gewalt ugeklot ass.
Um Samschdegowend war de Poopst nach zu Paräis, wou hie viru gutt 800.000 Mënsche seng grouss Mass gehalen huet. Hien huet awer och vun der Geleeënheet profitéiert fir subtil politesch Messagen un déi franséisch Populatioun ze ginn, knapp siwe Méint virun de Walen. Frankräich soll generéis Staatscheffe kréien, déi bereet sinn sech selwer ze afferen fir sech den Hürden am Sënn vun der Allgemengheet ze bréngen.
E Méindeg kënnt de Poopst op Metz.