Migratioun

Lëtzebuerger Regierung schléisst een Zeréckschécken a sougenannt Return-Hubs net aus

Gëschter haten d‘EU-Inneministeren enger weiderer Verschäerfung vun de Migratiounsreegelen zougestëmmt, dorënner déi ëmstridde "Return Hubs", déi virgesinn, Asyldemandeuren, deenen hir Demande refuséiert gouf, an Drëttstaate baussent der EU ze schécken.

auto_stories

2 min

Den CSV-Inneminister Léon Gloden  | © Ana Angel
Den CSV-Inneminister Léon Gloden (Foto: Ana Angel)

D‘CSV-DP-Regierung géif eng Migratiounspolitik "mat Häerz a Verstand" maachen, sot den CSV-Inneminister Léon Gloden op en Neits de Moien am 100,7-Interview. 

De Message wier kloer.

"Déi Leit, déi d'Konditiounen erfëllen, bleiwen hei, a mussen integréiert ginn. Do muss den Effort souwuel vun hinne selwer kommen, wéi och vun eis. Mee een, deen d‘Konditiounen net erfëllt, dee muss zeréck."

An do schléisst och Lëtzebuerg net aus, Betraffener a Return-Hubs, also Campen baussent der EU, ze schécken.

Fundamental Wäerter respektéieren, mee Zeréckschécken als Méiglechkeet

Lëtzebuerg wier zwar net am Grupp vun de fënnef Länner, dorënner Däitschland, déi scho mat Drëttstate verhandelen, fir esou Réckféierungs-Zentere baussent der EU ze schafen, mee: 

"Wa mir Leit hunn, déi net wëllen zeréckgoen oder deenen hir Pays d'origine si net zeréckhuelen, dann ass dat eng vun de Méiglechkeeten. Natierlech mussen déi fundamental Wäerter respektéiert ginn an deem Land. A mir wäerte keng Familljen dohinner zeréckschécken."

Zu Lëtzebuerg goufe méi Asyldemandeuren zeréckgeschéckt, zënter datt déi aktuell CSV-DP-Regierung um Rudder ass, huet den Inneminister erkläert.

Retouren ëm 47 Prozent geklommen

D'Asyldemandë wieren dëst Joer ëm 29 Prozent zeréckgaangen, mee d‘Retouren ëm 47 Prozent geklommen. 

"Well mir et fäerdegbruecht hunn, déi Retour-volontairen ëmzesetzen. De Prozentsaz vun de Retour-volontairen haut ass bei 70 Prozent. Et muss een d'Leit begleeden, et muss een hinnen eng Zukunft ginn, entweeder an hirem Pays d'origine, oder an engem aneren Drëttstaat." 

Am Gespréich ass an der EU-Migratiounspolitik och neie Krise-Mechanismus. Verschidden EU-Länner, dorënner Griicheland, hu sech dofir ausgeschwat, d’Asylprozedure ganz auszesetzen, wa vill Migranten iwwer eng EU-Grenz kommen, esou wéi rezent an der spuenescher Nordafrika-Exklav Ceuta.

Frontex misst gestäerkt ginn

Fir Lëtzebuerg kënnt dat awer net a Fro, esou nach den Inneminister.

"Ech hunn dat gëschter ganz kloer gesot, den Droit d'asile steet an der lëtzebuergescher Verfassung a fir eis ass dat keng Optioun, deen ze suspendéieren." 

Als noutwenneg gesäit awer och de Léon Gloden et, der Grenzschutz-Agence Frontex méi Moyenen ze ginn. Geplangt ass do ënner anerem eng Asaztrupp, déi séier, bannent 24 Stonnen, reagéiere kann.