D'Demonstratioun hätt sech géint Nationalismus, Militarismus a Sozialofbau geriicht, esou eng Spriecherin vun der "Basisgruppe Antifaschismus Bremen“. D'Organisateuren hate mat ronn 1.000 Demonstrante gerechent. Engem Spriecher vun der Police no, wieren et um Enn knapp 700 Leit gewiescht.
D'Demonstrante goufe vun der Police duerch d'Stad eskortéiert. Méi spéit am Owend ass et dunn zu Zesummestéiss mat der Police komm. Et si Steng a Fläsche geflunn an et goufen och Knupperte geschoss.
Ee Policebeamte wier dobäi blesséiert ginn.
Iwwer 400.000 Leit erwaart
Zu Bremen gëtt den Nationalfeierdag mat engem grousse Volleksfest gefeiert. Och déi politesch Spëtzt vun Däitschland wäert dobäi sinn. Ënnert anerem de Bundeskanzler Friedrich Merz an de Bundestagspresidentin Julia Klöckner hu sech annoncéiert.
Bis e Sonndeg mat sinn eng 800 Evenementer geplangt. Nieft Concerten an Diskussioune ginn och Visitte vun der Stad an der Géigend ugebueden. Méi wéi 400.000 Visiteure gi sech iwwert de ganze Weekend am klengsten däitsche Bundesland erwaart.