Hëtztwell

Nationalfeierdag a Schoulen: Weider Mesure wéinst extreemer Hëtzt

An der Stad Lëtzebuerg gëtt e Mëttwoch an e Freideg nëmme moies Schoul gehalen, an och Feierlechkeeten an aner Evenementer ginn ugepasst.

auto_stories

1 min

Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. | © picture alliance/dpa | Jens Kalaene
Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. (Foto: picture alliance/dpa | Jens Kalaene)

D‘Stad Lëtzebuerg mellt, datt wéinst der Hëtzt e Mëttwoch an e Freideg an der Primärschoul just Moies Schoul ass. Et ass awer een Accueil assuréiert fir d‘Kanner an och d‘Schoulbusser fueren normal, heescht et am Communiqué.

Och an 31 anere Grondschoule goufen „Amenagementer“ virgesinn, huet et Moien aus dem Educatiounsministère geheescht.

Upassunge bei de Feierlechkeete vum Nationalfeierdag

Och d‘Feierlechkeete fir Nationalfeierdag muer goufe wéinst der Hëtzt ugepasst: D‘Gemeng Iechternach mellt zum Beispill, datt de Cortège um Virowend haut ofgesot ass.

Ponts et Chaussées mellen dann, datt den Exercice, dee fir e Sonndeg am Tunnel Micheville virgesi war, ofgesot ass. E gëtt op ee spéideren Datum verréckelt.