Logement

Aktivitéit um Immobiliemaart hätt sech am 1. Trimester vun dësem Joer verbessert

D‘Aktivitéitgéif nees een normalen Niveau erreechen, mellt den Observatoire de l’habitat. D‘Reprise, déi et zejoert gouf an op temporärer steierlech Mesuren zeréckzeféiere wier, géif sech an den Immobilien-Transaktioune vum éischten Trimester dëst Joer confirméieren.

auto_stories

1 min

Site vum Observatoire de l'habitat | © Radio 100,7
Site vum Observatoire de l'habitat (Foto: Radio 100,7)

Bei de scho gebaute Wunnengen hätt et esou guer eng Hausse vun néng Prozent ginn. Par conter ass d‘Aktivitéit bei déi sougenannte VEFAen, also Wunnengen am Bau, staark gefall, ëm ronn 18 Prozent.

Bei de Präisser géif eng Stabiliséierung feststellen, mat awer Ënnerscheeder. Esou sinn d‘Präisser bei de Ventë vun eeleren Haiser op ee Joer gekuckt ëm weider 3 Prozent geklommen.

Och d‘Loyere vun Appartementer si am éischten Trimester weider geklommen, ëm en hallwe Prozent par rapport zum Trimester virdrun, an ëm 4,4 Prozent op ee Joer gekuckt.