Usprooch fir Nationalfeierdag

Luc Frieden: „D’Zukunft ass keng Fatalitéit, se ass e Choix“

A senger Ried um Virowend vun Nationalfeierdag huet de Premier Luc Frieden den Zesummenhalt zu Lëtzebuerg an an Europa betount. An enger Zäit vu globalen Onsécherheete wier et wichteg, op Gemeinschaft, Demokratie a Verantwortung ze setzen.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

7 min

play_arrow

An senger traditioneller Usprooch um Virowend vum Nationalfeierdag huet de Staatsminister Luc Frieden de Fokus op de gesellschaftlechen Zesummenhalt geluecht. An enger Welt vun Onsécherheet misst Lëtzebuerg mat sengen europäesche Partner zesumme stoen, esou de Premier.

Hommage un de Grand-Duc Guillaume

Zum Schluss vu senger Ried huet de Staatsminister d’Aarbecht vum neie Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie gewierdegt.

Hien huet betount, datt si an den éischte Méint vun hirem Règne d’Land no banne verbonnen an no bausse representéiert hätten.

Lauschterenplay_arrow