Gewaltrapport 2025

Haislech Gewalt: All Dag dräi Policeinterventiounen zu Lëtzebuerg

10 Prozent méi Policeinterventiounen a 16 Prozent méi “Wegweisunge” wéinst haislecher Gewalt wéi 2024: D’Zuelen aus dem Gewaltrapport 2025, deen um Donneschdeg virgestallt gouf, si manner gutt wéi dat Joer virdrun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

(de g. à dr.) Laurence Bouquet, chargée de direction, Croix-Rouge luxembourgeoise ; Laurent Seck, substitut principal, parquet de Luxembourg ; Yuriko Backes, ministre de l’Égalité des genres et de la Diversité ; Kristin Schmit, directrice centrale, police judiciaire ; Olga Strasser, SAVVD, Femmes en détresse | © MEGA play_arrow
(de g. à dr.) Laurence Bouquet, chargée de direction, Croix-Rouge luxembourgeoise ; Laurent Seck, substitut principal, parquet de Luxembourg ; Yuriko Backes, ministre de l’Égalité des genres et de la Diversité ; Kristin Schmit, directrice centrale, police judiciaire ; Olga Strasser, SAVVD, Femmes en détresse (Foto: MEGA)

Policeinterventioune goufen der zejoert 1.297 gezielt. Dobäi koumen 334 Expulsiounen, wouvun an 72 Fall eng Recidive virloung. Der DP-Gläichstellungsministesch Yuriko Backes no sinn dat wuel traureg Zuelen.

Positiv wier awer och, datt duerch d’Sensibilisatioun fir de Sujet ëmmer méi Plaintë géife gemaach ginn. Dat géif e gesellschaftlecht Ëmdenke par rapport zur Gewalt beweisen, dat een nach ausbaue kéint, andeems een zum Beispill systematesch an d’Schoule goe géif.

Frae bleiwen am meeschte betraff

Méi Sensibilisatioun ass net vu Muttwëll, bei dräi Interventioune pro Dag a Saachen haislech Gewalt. All véierte Fall dovun huet zejoert zu enger Expulsioun aus dem Haus gefouert. D’Affer sinn an iwwer 80 Prozent vun de Fäll Fraen, esou d’Olga Strasser vu Femmes en détresse.

“Dat heescht am Kader vun de Wegweisunge sinn d’Frae majoritairement Affer vu Partnergewalt.”

Et wier schwéier, sech doraus ze léisen, virun allem wéinst dem Wunnengsproblem am Land. De Moment géif et an deem Kontext eng Waardelëscht vu 60 Fraen a Kanner ginn. Aktuell gëtt et siwe Fraenhaiser uechter d’Land mat 166 Better, sot d’Ministesch Yuriko Backes. Déi op en neit Haus zu Rëmeleng hofft.

“Dat hätt dann eng Kapazitéit vun 28 weidere Better, an dann hu mer och nach e Site zu Miersch, wou d’Aarbechten och ugefaangen hunn.”

Och Präventioun bei Gewalttäter spillt eng Roll

Zeréck bei déi gewalttäteg Persounen: Bei de Service “Riicht eraus” vum Roude Kräiz komme souguer Fräiwëlleger, betount d’Laurence Bouquet, Chargée de direction vun der Croix-Rouge.

“Déi Leit, déi kommen duerch ganz vill Preventiounsaarbecht, doduerch datt haislech Gewalt dobaussen, datt méi driwwer geschwat gëtt, déi sech villäicht selwer d’Fro stellen, ob dat, wat si doheem maachen, eigentlech sou ganz richteg ass.”

Déi dës Fro da mat Nee beäntweren an aus fräie Stécker Hëllef siche kéimen. De Gros vun de Cliente kënnt awer wéinst enger Wegweisung, woubäi all fënneft méi wéi eemol verwise gëtt. Recidiviste kommen iwweregens am mannsten op Rendez-vousen. Dobäi kéim et no Suivien zu wéinege Réckfäll.

Lauschterenplay_arrow