USA

Kanner, déi an den USA op d'Welt kommen, gi weiderhin automatesch US-Bierger:innen

Et ass eng gréisser Defaite fir den US-President Donald Trump. D'US-Supreme-Court huet entscheet, datt déi Kanner, déi an den USA gebuer ginn, weiderhin automatesch d'Nationalitéit kréien.

auto_stories

1 min

Iewecht Geriicht Washington D.C. | © picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey
Iewecht Geriicht Washington D.C. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey)

Dräi vu sechs Riichter, dorënner och de President vun der US-Supreme-Court, hunn een ëmstriddent Dekreet vum President Donald Trump vu leschtem Joer annuléiert.

Den Donald Trump wollt direkt um Ufank vu senger zweeter Amtszäit mam Text de sougenannten „droit du sol“ massiv aschränken. E sollt net gëlle fir Kanner vun Elteren, déi nëmmen eng Zäit oder irregulär an den USA sinn.

Dat iewescht Geriicht huet dat also elo gekippt. Virdrun haten och schonn aner Instanzen d‘Ëmsetzung vum Dekreet blockéiert. E puer Organisatiounen haten eng Sammelklo géint d‘Trump-Regierung agereecht.

Den Donald Trump huet sech bis elo net dozou geäussert. Anescht gesäit et beim Ausschléisse vun Transgender-Sportler bei Frae-Kompetitiounen aus: dee Verbuet gouf nämlech vum US-Supreme Court validéiert. Den Donald Trump huet dat Urteel – wéineg iwwerraschend – begréisst.