Den US-President Donald Trump hat leschte Summer gemellt, datt d‘Lisa Cook mat effet immediat entlooss wier. Et géif genuch Grënn fir unzehuelen, datt si an engem oder puer Verträg fir Immobiliekreditter falsch Saache geschriwwen hätt, esou den Trump.
D‘Cook huet d‘Virwërf ofgestridden an d‘Urteel vum Supreme Court elo begréisst. Et géif d‘Onofhängegkeet vun der Federal Reserve stäerken.