Sozial Medien

Extremistesch Gruppen, déi Mineure viséieren: Parquet a Police weise sech besuergt

D’Police an de Parquet warne virun der ëmmer méi grousser Gefor vu brutaler a sënnloser Gewalt duerch sozial Medien. Virun allem extremistesch Gruppen, déi Kanner viséieren, wiere besuergneserreegend.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk play_arrow
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Op enger gemeinsamer Pressekonferenz hunn de Procureur d’Etat David Lentz an d’Direktesch vun der Police judiciaire Kristin Schmit sech besuergt gewisen iwwer extremistesch Gruppen, déi am Internet virun allem Mineure rekrutéieren a manipuléieren.

E puer Dossiere ginn den Ament zu Lëtzebuerg traitéiert

Op dës Manéier géif schwéier Gewalt an Harcèlement verbreet a promovéiert ginn. 

Etüde vun Europol géife weisen, datt dee Phenomen weltwäit ëmmer méi grouss géif ginn. Och zu Lëtzebuerg wieren éischt Dossieren amgaangen traitéiert ze ginn. Genee Zuelen huet de Parquet awer net genannt.

Alterslimitt fir Social Media?

D’Police géif an deem Kader intern forméiert ginn. Virun allem awer wier et wichteg, d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren, an et wier och un den Elteren, hir Kanner opzeklären, esou nach de Parquet an d’Police.

De Procureur d’Etat David Lentz huet sech och fir méi Barriären op soziale Medien ausgeschwat, dorënner och eng Alterslimitt.

“Dat wat d'Réseaux-sociallen ubelaangt, dat ka kee rechtsfräi Raum bleiwen. Et musse Barriären agebaut ginn. Et musse Kontrollen do sinn, wéi se kënnen ëmgesat ginn, wat elo d'politesch Approche ass." 

A sengen Aen wier d'Politik oppen dofir a géif sech informéieren. 

"As dat technesch machbar? Wéi ass dat mat dem VPN etc.? Kann een dat iwwerhaapt maachen? An aner Konditiounen? Ech géif awer scho mengen, datt dat ee Raum ass iwwer deen ee misst diskutéieren, wou ee sech muss austauschen a wou een d'Réseaux-sociallen vläicht esou muss gestalten, datt verschidde Predateuren et awer net ze vill einfach kréien, fir un eis vulnerabel Matbierger ze kommen."

Verdächteg Fäll solle konsequent bei der Police gemellt ginn, esou nach de Procureur d’Etat David Lentz.

Lauschterenplay_arrow