Klima

El Niño vu staarker Intensitéit: Extreem Wiederphenomeener weltwäit warscheinlech

Tëschent Juli a September soll de Wiederphenomeen El Niño den Niveau dräi vu véier erreechen. Domat geet d'Warscheinlechkeet vun extreeme Wiederphenomeener weltwäit erop. D'Entwécklung géif séier geschéien, esou d'Weltmeteoorganisatioun.

auto_stories

1 min

El Nino | © picture alliance/dpa/dpa-infografik GmbH | dpa-infografik GmbH
El Nino (Foto: picture alliance/dpa/dpa-infografik GmbH | dpa-infografik GmbH)

Iwwerdeems koum eng nei Etüd eraus doriwwer, datt déi fiicht Hëtzt, déi et virun allem am Oste vun den USA gëtt, ouni Klimawandel bal onméiglech wier. Am Oste vun den USA gëtt et fir de Moment eng extreem Hëtzt kombinéiert mat enger bedréckender Fiichtegkeet. 

E Fuerscher vu World Weather Attribution sot, hir Etüd wier ee brutale Rappell vun der Realitéit.