Meteolux huet bis elo kee weidere Rekord zu Lëtzebuerg matgedeelt. Ee Freideg war de Rekord vun den Temperaturen am Juni fir d‘zweete Kéier dës Woch gebrach ginn, mat 38,2 Grad um Findel.
Haut bleift et och nach waarm a sonneg mat engem Maximum vu 34 Grad de Mëtteg, vu Muer un sollen d’Temperaturen dann nees ënner 30 Grad falen.
Zuchverkéier normaliséiert sech
Wéinst der Hëtzt gëschter gouf et op der Bunn Sécherheetsmoossname bis 8 Auer Owes gouf d’Vitesse mat deenen d’Zich normalerweis fueren erofgefuer. Haut misst et nees wéinst de méi niddregen Temperature besser goen. D’CFL melle keng Perturbatioune méi.
Situatioun entspaant sech och an Europa
A Frankräich huet sech d’Situatioun entspaant. Just fir zwee Departementer De Bas-Rhin an den Haut-Rhin am Elsass gëllt d’Alerte rouge. Gëschter waren nach 37 Departementer betraff.
Hënt gouf et an Däitschland en neien Temperaturrekord fir d’Nuecht: 29,4 Grad goufen am Oste vu Sachse gemooss. Bis ewell war déi wäermsten Nuecht 2003 mat 27,2 Grad.