Frankräich

Vum Weekend u sinn nees iwwer 35 Grad a verschidde franséischen Departementer gemellt

A Frankräich ass eng nei Canicule gemellt. Wéi Météo-France mellt, misst ee vun dësem Weekend un a veschieddene franséische Regioune rëm mat Temperature vun iwwer 35 Grad rechnen. Et kéint een nach net soen, wéi laang dës Hëtztwell dauere wäert.

auto_stories

1 min

© EPA/SEBASTIEN NOGIER
(Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)

Dës Kéier awer anticipéiert déi franséisch Regierung. De Premier Sebastien Lecornuhuet fir de Mëtteg déi interministeriell Krisecellule zu Paräis zesummegeruff. Virun allem och fir Mesuren ze huelen wéinst der extreemer Brandgefor am Moment. 

De verschiddene Wiedermodeller no misst och Lëtzebuerg Enn nächster Woch erëm mat Temperaturen ëm déi 35 Grad rechnen. Virun allem awer wier esou gutt wéi guer kee Reen ze erwaarden wat déi aktuell Dréchent géif verschlëmmeren.