Hëtztwell

Wéi Stied weltwäit mat extremer Hëtzt ëmginn

Besonnesch Groussstied ginn zu richtegen Hëtztinselen. Wéi bereede sech Stied op extrem Temperature vir? Vum Waasser iwwer Begréngung bis bei intelligent Bauweisen – verschidde Plazen op der Welt weisen, wéi et ka goen.

auto_stories

4 min

Grimbergen, Belsch | © EPA/OLIVIER MATTHYS
Grimbergen, Belsch (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Besonnesch Groussstied leiden ënner den héijen Temperaturen. Déi dicht an héich Bebauung suergt dofir, datt sech de Bëton séier erhëtzt, d'Hëtzt méi schlecht fort kann an et och nuets nëmme wéineg ofkillt. Mam Klimawandel ass domat ze rechnen, datt Hëtztwellen ëmmer méi heefeg a méi intensiv ginn. Verschidde Stied ronderëm d'Welt setzen dofir op ënnerschiddlech Léisungen.

Frëscht Waasser a Stresstest zu Paräis

Paräis ass zwar net déi gréngst Stad, huet awer mëttlerweil ronn 1.400 Plaze geschaf, wou ee sech ofkille kann. Dozou gehéiere Schiet-Beräicher a Parken, mee och Raim am Gemengenhaus, déi bei Hëtzt fir d'Ëffentlechkeet op sinn.

Bal op all Stroosseneck ginn et gratis Drénkwaasser-Spender, an ëmmer méi Spréiniwwelduschen op Plazen a Weeër suerge fir eng frësch Ofkillung.

Frankräich huet iwwerdeems e landeswäite Schutzplang géint Hëtzt. Et gëtt Warnstufen, e Register fir vulnerabel Persounen an Informatiounen am ëffentleche Raum. Fir d'Noutfallpläng ze verbesseren, huet Paräis virun e puer Joer an zwee Arrondissementer getest, wéi Spideeler, Pompjeeën, Schoulen an Awunner mat enger laang unhalender extremer Hëtzt eens géife ginn. Aner Stied hunn dëse Modell mëttlerweil iwwerholl.

Vill Begréngung a Killung vun ënnen zu Singapur

Singapur gëllt als Virreider an der Lutte géint Hëtzt an de Stied. Amplaz sech just op Klimaanlagen ze verloossen, setzt d'Stad zënter Joren op eng massiv Begréngung.

Vertikal Gäert op Héichhaiser, begréngte Fassaden an Daachgäert reduzéieren d'Erhëtzung vun de Gebaier a schafe Schied. Nei Quartiere ginn esou geplangt, datt d'Loft besser zirkuléiere kann an Hëtztinselen evitéiert ginn.

An e puer Quartiere ginn esouguer ganz Haiserbléck iwwer en ënnerierdescht Netz mat äiskalem Waasser gekillt. Dat spuert Stroum a reduzéiert d'Offwärmt, déi soss duerch eenzel Klimaanlage géif entstoen. Och hell Fassaden a Stroossebeläg hëllefen dobäi, manner Hëtzt ze späicheren.

Klima ugepasste Bau zu Dakar

Länner um Rand vun der Sahara wéi de Senegal oder Burkina Faso gehéieren zu de wäermste Regioune vun der Welt.

Den Architekt Francis Kéré, deen aus Burkina Faso kënnt, verbënnt traditionell afrikanesch Bautechnike mat moderner Architektur. Fir seng Aarbecht krut hien 2022 als éischten Afrikaner de renomméierte Pritzker-Präis.

Säin neit Gebai vum Goethe-Institut zu Dakar weist, wéi klimafrëndlecht Bauen ausgesi kann. Routbrong Leemzillen huelen Hëtzt op a ginn se nëmme lues erëm of. Duerch seng Ausriichtung killt sech d'Gebai mat Wandzuch a sengem eegene Schiet gréisstendeels selwer of.

"Superbléck" a Killraim zu Barcelona

Zu Barcelona ass et zwar meeschtens net esou waarm wéi am Süde vu Spuenien, mee déi héich Loftfiichtegkeet mécht och Temperaturen iwwer 35 Grad schwéier erdrobar.

D'Stad bitt mëttlerweil ronn 500 Ofkillungsraim an ëffentleche Gebaier wéi Muséeën, mee och an Apdikten an Drogerien, déi fräiwëlleg matmaachen.

Besonnesch bekannt sinn déi sougenannt "Superilles" oder "Superbléck". Dobäi ginn e puer Haiserbléck mat Plazen a verkéiersberouegte Stroossen zesummegeluecht. Vill Beem a Gréngfläche schafen do Oasen am Schiet. Autoe sinn nëmme fir Awunner a Liwwerungen erlaabt an däerfen net méi séier wéi 10 Kilometer an der Stonn fueren.

Natierlech Belëftung am Noen Osten

Scho viru Joerhonnerten hunn Architekten am Noen a Mëttleren Oste Wandtierm entwéckelt, déi Gebaier op natierlech Aart belëften. Dës Konstruktioune si bekannt als Badgir (Persesch) oder Baradschil (Arabesch).

De Wand gëtt duerch Ouverturen an den Tuerm geleet an iwwer e Schacht als kill Loft an d'Gebai transportéiert. Dëst Konzept gëtt haut nach zu Doha am Qatar benotzt, wou verschidde modern Gebaier esou gebaut sinn, datt Loftstréim och d'Bausseberäicher ofkillen.

Am Iran ginn déi eelst Wandtierm op dat 14. Joerhonnert zeréck, schrëftlech Quelle weisen awer drop hin, datt dës Technik nach vill méi al ass. Dofir gëtt heiansdo vun enger "Klimaanlag aus der Antiquitéit" geschwat.

"Gréng Korridoren" zu Medellín

An der kolumbianescher Stad Medellín goufen aus groussen Traficachsen sougenannt "gréng Korridoren".

D'Stad huet an de leschte Joren Dausende Beem a Straich laanscht Stroossen, Mëttelsträifen an ëffentlech Plaze geplanzt. D'Vegetatioun soll d'Erhëtzung vun der Stad bremsen a méi Schied schafen.

Donnéeë vun der Stad no, sinn d'Temperaturen an e puer vun dëse begréngte Beräicher ëm ronn zwee Grad zeréckgaangen. Gläichzäiteg huet sech och d'Loftqualitéit verbessert. Fir säi Bäitrag zur Upassung un de Klimawandel gouf de Projet international ausgezeechent.

Iwwersat vun der dpa