Däitschland

Groussbrand a Rheinland-Pfalz: Feier kann nëmme schwéier geläscht ginn

Den däitsche Pompjeeë geléngt et nëmme schwéier de Groussbrand am rheinland-pfälzische Bad Kreuznach an de Grëff ze kréien. Munitioun aus dem Zweete Weltkrich, déi hei an der Naturschutzzon läit, detonéiert ëmmer nees duerch d'Flamen a mécht den Asaz liewensgeféierlech.

auto_stories

1 min

Bëschbrand am Naturschutzgebitt Schanzenkopf | © picture alliance/dpa
Bëschbrand am Naturschutzgebitt Schanzenkopf (Foto: picture alliance/dpa)

Duerch déi akut Hëtztwell an de leschten Deeg sinn an Däitschland eng Partie Bränn ausgeléist ginn.

Wéi den däitsche Südwestfunk mellt, kann de Bëschbrand am Naturschutzgebitt Schanzenkopf am Landkrees Bad Kreuznach a Rheinland-Pfalz just schwéier geläscht ginn.

Iwwer 600 Leit missten evakuéiert ginn 

D'Dréchent an d'Hëtzt maachen et de Pompjeeë schwéier, d'Feier ënner Kontroll ze bréngen. Mee och Munitioun aus dem Zweete Weltkrich, déi hei an der Naturschutzzon läit, verkomplizéiert den Asaz.

D‘Uertschaft Traisen mat senge ronn 650 Awunner:innen huet wéinst der Explosiounsgefor komplett missen evakuéiert ginn.

Et wiere ronn 300 Pompjeeën am Asaz. De Ree géif just temporär Entlaaschtung bréngen, heescht et nach vun de lokalen Autoritéiten.