De Gesondheetsministère betount: Et sollt ee weider oppassen, genuch Waasser drénken a kierperlech Efforten zu de wäermste Stonnen evitéieren. An et sollt ee reegelméisseg bei eelere Leit nofroen, wéi et hinne geet.
A Westeuropa ass d'Hëtztwell fir elo mol eriwwer
A Mëttel- an an Osteuropa awer sinn elo Millioune Mënsche mat Temperature vun iwwer 35 Grad konfrontéiert. An Tschechien an an der Slowakei goufe gëschter nei Temperaturrekorder mat 41,9 respektiv 41 Grad gemooss.