Groussbritannien

Éischten nationale Gedenkdag fir d‘Affer vun Terrorattacken a Groussbritannien

Haut ass a Groussbritannien den éischten nationale Gedenkdag fir d‘Affer vun Terrorattacken. D‘Regierung engagéiert sech, Victimme besser ënnerstëtzen. Et geet hei net nëmmen em medezinesch mee och psychologesch Hëllef.

auto_stories

2 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Den Travis Frain war 19 Joer al, wei 2017 een islamisteschen Terrorist op der Westminster Bridge zu London mat engem Auto an eng Grupp Leit gefuer war. Hien gouf ugestouss mee en huet iwwerlieft. Véier Leit koume bei dëser Attack em d‘Liewen.

Hien huet sech jorelaang mat aneren Affer vun Terrorattacke fir e Gedenkdag agesat. Den Dag haut gouf gewielt, well en iwwereneestëmmt mam de Vereenegten Natiounen hirem Internationalen Dag vun der Erënnerung an der Éierung vun den Affer vun Terrorismus. 

"Ech mengen et ass wichteg, d‘Leit drun z‘erënneren, wat geschitt ass, an hinnen och d‘Méiglechkeet ze ginn, dovunner ze leieren an ze verstoen, wei si hir Famill, hir Frënn an hir Gemeinschaft schütze kennen." 

Dat sot den Travis Frain op ITV News.

Nei Ulafstell fir Affer vun Terror

Groussbritannie gedenkt den Affer landeswäit mat enger Gedenkminutt an enger Zeremonie zu London. Déi soll all Joer an enger anerer Stad stattfannen.
De Gedenkdag ass Deel vum Engagement vun der Regierung, Victime besser ze ënnerstëtzen. Am Juni gouf eng nei Ulafstell an d‘Liewe geruff, wou Affer eng Trauma-informéiert Ënnerstëtzung an och méi en einfachen Zougang zu verschiddenen Servicer kréien.

A Groussbritannie sinn no etlechen Attacken an de leschte Jore mëttlerweil vill Leit betraff. Et erënnert een sech zum Beispill un de Selbstmordattentat um Ariane Grande Concert zu Manchester 2017, wou 22 Leit ëmkoumen a méi wei honnert Leit verletzt goufen, dorënner och vill Kanner. 

Zënterhier goufen et weider Uschléi. Wéinst enger Rëtsch rezenter antisemittescher Attacken zum Beispill gouf am Abrëll d‘Terrorwarnung op den zweethéchsten Niveau eropgesat. Déi warnt, datt Uschléi weider ganz warscheinlech sinn.