Beim Verdächtegen handelt et sech ëm ee 15 Joer ale fréiere Schüler vun der betraffener Schoul. Hie soll de Moie mat engem Messer an d'Schoul eragaange sinn an do déi 37 Joer al Hausmeeschtesch an eng Proffin ugegraff hunn.
Duerch de Kaméidi soll den Direkter vun der Schoul aus sengem Büro gaange sinn a probéiert hunn, den Ugräifer ze iwwerwältegen. Dobäi gouf och hie blesséiert, deelt d'Police op der Plaz mat.
Opruff op de Soziale Medien?
De polnesche Regierungschef Donald Tusk huet iwwerdeems erkläert, datt de presuméierten Täter wuel een Helm unhat op deem eng Kamera befestegt war. D'Zil wier also sécher gewiescht, ee Video vun der Dot ze maachen. Dowéinst soll d'Police elo préifen, ob et een Opruff fir Messerattacken op de Soziale Medie gëtt.
De Regierungschef huet elo eng Spezialsëtzung aberuff, mam Inneminister, de Policecheffen an dem Geheimdéngscht.
Eréischt gëschter koum et an enger anerer Schoul och zu enger Attack bei där néng Mënsche blesséiert gi sinn. De presuméierten Täter ass ee 19 Joer ale Mann.