Noen Osten

Ugrëff um FlyDubai Vol - Weider Autoritéite gi vu geplangtem terroristeschen Akt aus

Aus der Enquête géif ervirgoen, dass de Co-Pilot vum FlyDubai Vol de Pilot mat enger Rettungsaaxt ugegraff huet. Dat mellt déi emiratesch Presseagence a baséiert sech op Informatioune vum Procureur d'Etat vun de Vereenegten Arabeschen Emiraten.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

FlyDubai | © EPA/ABIR SULTAN play_arrow
FlyDubai (Foto: EPA/ABIR SULTAN)

Grad ewéi déi israeelesch Autoritéite géifen elo och d'Autoritéiten aus de Vereenegten Arabeschen Emirate vun engem geplangten terroristeschen Akt ausgoen.

Co-Pilot war 2024 wéinst Sécherheetsbedenken entlooss ginn

De Co-Pilot hätt de Pilot mat enger Aaxt ugegraff a probéiert doropshin d'Kontroll vum Fliger ze kréien. D'Aaxt déi den Ugräifer benotzt hätt, gehéiert zum obligatoresche Sécherheetsdispositif vun de Fligeren.

D'Enquête leeft den Ament nach weider. Ënnert anerem misst gekläert gi wat d'Motiver vum Täter waren an ob et Verbindungen zu anere Persounen oder Organisatioune gëtt. 

Amerikanesch Medie mellen iwwerdeems, datt de Co-Pilot 2024 bei enger Airline aus dem Oman entlooss gi wier.

Enquête leeft weider

Et hätt deemoools Sécherheetsbedenke ginn, well extremistescht Material beim Mann fonnt gi war. Verschidden international Medie schreiwen, dass de Mann bei engem Openthalt a Syrien vu radikal islamistesche Gruppe beaflosst gi wier. 

Déi US-amerikanesch Chaîne ABC News mellt donieft, dass d'Enquêteure probéieren eraus ze fanne wéi et dem Mann trotzdeem méiglech war als Copilot bei FlyDubai am Asaz ze sinn. 

De Co-Pilot deen déi omanesch Nationalitéit huet gouf an den Emiraten festgeholl a verhéiert. Hie géif mat den Autoritéite kollaboréieren.

Ugrëff matzen am Fluch

Op engem Vol vun Dubai op Tel-Aviv hat de Co-Pilot de Pilot attackéiert. Dem Pilot war et awer gelongen d'Dier vum Cockpit op ze maachen. Passagéier an zwee weider Ersatzpiloten, déi u Bord vun der Maschinn ware konnten d’Kontroll iwwert de Fliger nees iwwerhuelen.

De Fliger huet doropshin a Saudi-Arabie missten noutlanden. U Bord vum Vol wieren 166 israeelesch Staatsbierger gewiescht. 

Lauschterenplay_arrow