National

déi gréng kritiséieren d'Klimapolitik vun der DP: "Net méi wéi eidel Wierder"

déi gréng spueren net mat Kritik un der Ëmweltpolitik vun der DP. De Liberalen hire Klimaschutz wier net méi wéi e grénge Punkt an eidel Wierder, esou déi gréng an engem Pressecommuniqué. Dat an Uspillung op de grénge Punkt am DP-Logo.

auto_stories

1 min

De François Benoy an d'Stéphanie Empain | © déi gréng
De François Benoy an d'Stéphanie Empain (Foto: déi gréng)

Déi gréng kritiséiere virop d'Verlängerung vun de staatlechen Hëllefen op Diesel, Mazout a Bensinn. Eng Mesure mat där den Eenzele grad emol ëm 17,50 Euro d'Joer entlaascht gëtt, wann en 10.000 Kilometer mam Auto fiert, rechnen déi gréng.

Et wier wichteg de Leit finanziell ënnert d'Ärem ze gräifen, mee mam Tankrabatt géife falsch Ureizer geschaf ginn. D'Ëmklammen op d'Elektro-Mobilitéit géif doduerch méi schwéier ginn. 

Manner TVA op Liewensmëttel

Déi gréng verlaange konkret sozial Entlaaschtungen duerch Steierkreditter, eng weider Reduktioun vum Stroumpräis an d‘Erofsetze vun der TVA op Liewensmëttel an aner Wueren déi een am Alldag brauch.

DP hat sech bei dëser politescher Rentrée de Klimaschutz grouss op de Fändel geschriwwen.