D’Regierung wëllt och Pilote schoulen, déi mam sougenannten LAR-Helikopter vun der Air Rescue fléie kënnen. Dësen Helikopter kann ëmgebaut bis zu 1.000 Liter Läschwaasser transportéieren.
LU-Alert-SMSe solle méi kloer ginn
D’LU-Alert am Kader vun de Bëschbränn am Héije Venn an der Dampwollek, déi iwwer Lëtzebuerg gezunn ass, wier ze spéit komm. Dat war den allgemenge Constat gëschter an Chamber.
Den CSV-Innenminister Léon Gloden sot, am Nachhinein wier een ëmmer méi gescheit.
"Dofir hunn ech och intern den Optrag ginn, d'Gouvernance vum LU-Alert ëmzeschreiwen, an deem Sënn, datt mir, wann eppes stattfënnt, och wann et net geféierlech ass, datt en SMS erausgeet, wou een dann de Leit seet, an dësem Fall: Et ass Damp."
Vill Leit hätten d’App vum Krise-Kommunikatiounssystem LU-Alert guer net erofgelueden, esou nach de Léon Gloden. Doraus hätt een och seng Léiere gezunn. D’Regierung wéilt elo méi kloer no bausse kommunizéieren, wéi dëse System fonctionéiert.
"Och hu mir decidéiert, Filmer dréien ze loossen, wou mir de Leit weisen, wéi een déi LU-Alert-tools utiliséiert a wat dat eent heescht, a wat dat anert heescht, an déi dann och diffuséieren."
Ufanks hat Cellule de crise keng legal Basis
Déi fréier Inneministesch Taina Bofferding vun der LSAP wollt vum Léon Gloden wëssen, ob et am Viraus e Kriseplang ginn hätt.
"Op wéi enger konkreeter Rechtsgrondlag an a wéi engem Kriseplang huet dës Cellule fonctionéiert? Wien huet se aktivéiert? Wien huet hir Missioune festgeluecht? A virun allem: Gesäit d'Regierung och elo Handlungsbedarf?"
Den CSV-Innenminister huet bestätegt, datt d’Cellule de crise deen Ament vum CGDIS aberuff gi war. Dës hätt zu dem Zäitpunkt keng legal Basis gehat. Et hätt och keen Noutfall-Plang fir esou eng Situatioun ginn. Dat géif elo ausgeschafft ginn, seet de Léon Gloden.