Vill vun deene jonke Plantatioune wieren iwwerdeems dëst Joer wéinst der Dréchent an den héije Buedemtemperature verluer gaang. Et wier elo wichteg, d’Lëtzebuerger Beem op de Klimawandel virzebereeden.
D’Bëscher zu Lëtzebuerg sinn am Stress, heescht et vun der ANF. Virun allem de Manktem u Waasser huet hinne schwéier zougesat.
Een Drëttel vum Reen
Bis 2025 gouf et vu Juli bis September am Schnëtt en Nidderschlag vun 210 Liter, erkläert den Thierry Diedenhofen vun der ANF. Dëse Summer wier ee bei 80 Liter fir de selwechten Zäitraum.
"Dat heescht just eppes iwwer een Drëttel vum Reen ass gefall, deen natierlech als Konsequenz de Bëscher och feelt."
Et wier elo wichteg, déi adaptéiert Bamaarten um richtege Standuert unzesidelen.
"Déi Zäiten, wou och d'Bamaarten, déi net richteg heihi gepasst hunn, duerch eist gutt Klima, wat mir haten, awer mat eropkomm sinn, ech mengen déi sinn definitiv no dësem Summer eriwwer."
Wou ee bis elo beim Planzen de Som vu Beem favoriséiert huet déi eng gutt Holzqualitéit verspriechen, géing een elo op d’Vitalitéit an d’Iwwerliewenschance setzen.
Breet Aartevillfalt
Et ass awer och wichteg fir eng méi breet Aartevillfalt ze suergen. Wa beispillsweis e Bësch just zwou Bam-Zorten huet, an déi eng stierft oft, sief et wéinst engem Insekt oder Champignon, dann hätt ee fir déi nächst Generatioune just nach eng Zort a sengem Bësch.
"Déi muss dann de Suivi assuréieren."
An insgesamt 17 Somgäert ziicht d’ANF nei Beem, déi dann an de Bëscher verdeelt gi fir eng méi resistent Biodiversitéit ze schafen.
Dëst ass e wichtegen Deel vun der Campagne “Planze fir d’Zukunft” an där d’Regierung sech dofir asetzt, bis 2030 1,7 Milliounen nei Beem ze planze fir d’Bëscher géint de Klimawandel ze stäerken.