Klimaschutz

Kritik vum MouvEco: Kafkraaft erhalen zwar legitim, mee weideren Tankrabatt falsch

Mat Bléck op de Klimaschutz wier d'Weiderféiere vum Tankrabatt, esou wéi en nom Comité de suivi tripartite uganks der Woch ugekënnegt gouf, eng grav Feelentscheedung, och wann et legitim wier, d'Kafkraaft vun de Leit ze erhalen, schreift de Mouvement écologique an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

E-Auto | © Bigstock
E-Auto (Foto: Bigstock)

D'Regierung misst probéieren, déi sozial-ekologesch Transitioun unzegoen, ouni d'Theeme Soziales an Ëmwelt géinteneen auszespillen. Béides wiere relevant Zukunftstheemen.

Mëttel- bis laangfristeg misst driwwer diskutéiert ginn, wéi déi verschidde Facteuren Ökologie, Kafkraaft, sozialen Ausgläich an Inflatioun ënner een Hutt kënne bruecht ginn. 

Energiepräisser als grousse Facteur

D'Energiepräisser wäerten an den nächste Jore kaum nees op een niddregen Niveau eroffalen. De Staat kéint et sech net leeschten, déi fossil Energiekäschten ëmmer nees ze manipuléieren. 

De Mouvement écologique reagéiert domat op d'Ukënnegung vum Premier Luc Frieden (CSV) no der éischter Tripartite-Reunioun zënter dem Accord vum Juni. Do haten d'Regierung an d'Sozialpartner festgestallt, datt déi aktuell Mesurë géint déi héich Energiepräisser zwar gräifen, mee d'Inflatioun a besonnesch d'Energiepräisser wéinst der internationaler Situatioun nach ëmmer ganz héich sinn.

Dofir huet d’CSV-DP-Regierung versprach, datt de Staat och am neie Joer géif "op iergend eng Manéier" déi aktuell Energiemesurë viruféieren, wéi de Premier sech ausgedréckt huet.