Wat d’Mesuren aus dem Tripartite-Accord ugeet - seet d’Parteipresidentin Carole Hartmann - et misst evaluéiert ginn, ob d’Mesuren déi bis Enn Dezember gëllen hiren Zweck erfëllt hunn. Konkret freet si sech wéi grouss den Afloss vum Tankrabatt wierklech ass.
"Et ass eebe konkreet d'Fro, ob effektiv elo déi Limitatioun um Bensinn an um Diesel vu fënnef Cent och elo ganz konkreet en Impakt haten op d'Inflatioun, souwéi dat am Fong ugeduecht war."
Nieft de staatlechen Hëllefen op Bensinn an Diesel dierft een net vergiessen, datt och aner wichteg Energië subventionéiert goufen, seet d’Carole Hartmann. Vill Leit hätte nach Mazout-a Gasheizungen.
Leit zum Ëmdenke bréngen
Et wier elo wichteg déi Leit dozou ze kréien op erneierbar Energien ëmzeklammen, zum Beispill op Wärmepompelen. Just esou kéint ee sech onofhängeg vu fossile Brennstoffer maachen.
"Datt mer u sech weiderhi sollten d'Elektrifizéierung virubréngen, dat fir och de Präis vum Stroum attraktiv ze halen, och par rapport zu de Präisser op der Pompel vun de fossilen Energien."
D'lescht Woch hat d’DP virun der Press erkläert, datt si mam Klimaschutz, als enger vun hiren Prioritéiten, an dat neit Chamberjoer goe wëll. Den Ausbau vun den erneierbaren Energië grad ewéi d’E-Mobilitéit hätten elo Prioritéit.