D‘Feier ass nach net fixéiert. Wéi RTBF mellt hätt eng weider Ausbreedung iwwerall kënne gestoppt ginn, ausser am Osten. Do hätt et gëschter Owend nach eng Feierfront vun 300 bis 400 Meter ginn, déi d‘Pompjeeën net iwwer de Buedem hätte kënnen erreechen.
Haut gëtt sech staarke Wand erwaart
D‘Wieder wäert elo eng wichteg Roll spillen. Haut gëtt staarke Wand aus Südwesten erwaart. Gläichzäiteg ass fir haut och nees Ree gemellt.
De Belsche Kinnek Philippe war gëschter op der Plaz. Hie sot vis-à-vis der Press, hie wier traureg fir d‘Regioun a géif hoffen, datt d‘Natur sech séier regeneréiere kéint. D‘Feier am Héije Venn ass dat schlëmmst jeemools an der Belsch. Et huet zënter e Freideg méi wéi 3.000 Hektar Vegetatioun zerstéiert.
Keng nei Mesuren zu Lëtzebuerg virgesinn
De Regierungsrot huet gëschter och de Point iwwer d‘Konsequenze fir Lëtzebuerg vum Feier am Héije Venn an der Belsch ze maachen. Zu dësem Moment géife keng nei Mesuren envisagéiert ginn. D‘Regierung wier der Meenung, datt déi aktuell Dispositiounen un déi aktuell Situatioun ugepasst sinn, esou e Communiqué vum Staatsministère vu gëschter Owend.
D‘Regierung géif mobiliséiert bleiwen an d‘Entwécklung vun der Situatioun genee suivéieren. Wann zousätzlech Mesure néideg wiere géif dat iwwer déi normal offiziell Weeër kommunizéiert ginn.
De Brand hätt awer een "temporären Impakt" op d‘Loftqualitéit hei am Land. Dat mellt déi interministeriell Evaluatiounscellule vun der Regierung no enger weiderer Reunioun gëschter. D’Konzentratioun u Fäistëbs, also ganz renge Stëbspartikelen, wier an d‘Luucht gaangen an d‘Warnstuf wier gëschter iwwerschratt ginn. Ëm wéi vill geet net aus dem Communiqué ervir.
Alerte ginn et wann den Seuil fir 2 Deeg iwwerschratt ass
Zu Lëtzebuerg ginn et véier fix Miessstatioune fir d’Loftqualitéit ze moossen. Analyséiert gëtt ënner anerem d’Konzentratioun un Ozon, mee och u Feinstëbs dee fir d’Longe kann eng Gefor duerstellen. Wéini awer gëtt eng Alerte erausginn?
D’Anne Majerus, Directrice adjointe vun der Ëmweltverwaltung, erkläert, datt een eng Informatioun erausgëtt, wann ee gewëssene Seuil iwwer een Dag iwwerschratt ass.
"Dat si 50 Mikrogramm pro Kubikmeter PM10. A mir ginn eng Alert eraus, wann ee Seuil iwwer zwee Deeg iwwerschratt ass, dat wiere 70 Mikrogramm pro Kubikmeter, PM10. Dat heescht, eis Alerten, déi kommen ëmmer op eng Dagesmoyenne."
Et misst een also een Dag ofwaarden, wann d'Loftqualitéit net gutt ass.
"An da soe mir, et ass elo scho säit engem Dag net gutt. Huelt Precautiounen fir déi Leit, déi betraff sinn dovunner. Dat ass näischt, wou een am Stonnentakt Recommandatiounen erausgëtt. Dat ass eppes, wou een ëmmer kuckt, ob sech dat méi laang wéi 24 Stonnen esou entwéckelt."
Wéi d’Alerte koum, huet et am ganze Land schonn zënter Stonnen no Feier geroch.
Misst een dat dann net upassen, war eng Fro un d’Anne Majerus.
"Wat d'Loftqualitéit ugeet, an ech kann elo net fir de gesamten Apparat schwätzen, do si jo nach aner Institutiounen, déi do mat dra sinn, wat d'Loftqualitéit ugeet, ass dat effektiv eppes, wat mer bis elo nach net esou kannt hu bei eis. A wou mer elo sécher aus dem heite Virfall kucke wéi mer dat an Zukunft kënne besser suivéieren, méi no suivéieren an och vläicht besser kommunizéieren."
Konzentratioun soll elo erofgoen
Esoulaang et no Feier richt, soll ee Schutzmoossname respektéieren. Dat heescht, d‘Dieren an d‘Fënster zouhalen, kierperlech Aktivitéiten dobausse méiglechst evitéieren, Lëftungs- oder Belëftungsanlage bis op Weideres ausmaachen a besonnesch op vulnerabel Persounen, wéi kleng Kanner oder eeler Leit, oppassen, gëtt am Communiqué preziséiert.
Vun haut u soll d‘Konzentratioun progressiv erëm erofgoen. Lokal kéinten d‘Dages-Konzentratiounswäerter awer nach héich bleiwen. De Brand ass jo nach ëmmer net geläscht an der Belsch, mee de Wand bléist elo an eng méi favorabel Richtung fir Lëtzebuerg.
Op d'mannst - esou gesinn d’Wiederdéngschter et - géif dat sech bis iwwermuer nach halen.