Bëschbrand an der Belsch

Gréisste Bëschbrand an der belscher Geschicht: Eelef Lëtzebuerger Pompjeeë rëm doheem

Déi eelef Lëtzebuerger Pompjeeën, déi op der Plaz waren, sinn no 36 Stonnen erëm doheem. Dat mellt de CGDIS. D‘Feier am Héije Venn breet sech den Ament net méi a Richtung Däitschland aus. Et ass awer nach net ënner Kontroll. Do, wou een net zu Fouss dru kënnt, géifen d'Flamen sech weider friessen.

auto_stories

3 min

© picture alliance/dpa | Christoph Reichwein
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Reichwein)

Déi aktuell Situatioun am Héije Venn ass weider ugespaant, erkläert de stellvertriedende Chefredakter vum Belgischer Rundfunk Olivier Krickel.

Datt et elo gereent huet géif bei de Läschaarbechten nëmmen deelweis hëllefen. 

"Zum Einen ist es so, dass Regen, der auf noch nicht verbrannte Fläche fällt, diese natürlich schützt, weil die Fläche dadurch eingenässt wird. Bei den Bränden in den Bäumen, da wo Wald ist, hilft Regen nur bedingt, weil der Regen gar nicht erst unten am Boden ankommt. Viel vom Regen verdunstet auch wegen der Hitze sofort wieder, ohne dass er irgendeine konkrete Löschwirkung hat." 

International Hëllef wier grouss

Zënter dem Weekend wiere schonn Helikopteren a Fligeren am Asaz, a wéi haut de Moie matgedeelt gouf, sinn nach Läschhelikoptere vun der däitscher Bundeswehr ënnerwee.

Niewent enger Ekipp vun eelef fräiwëllege Pompjeeë vum CGDIS, déi zënter de Samschdeg op der Plaz waren an elo nees um Heemwee sinn, kréien déi belsch Rettungsdéngschter nach weider international Ënnerstëtzung. 

"Es gibt Feuerwehrleute aus Deutschland, die jetzt schon mit am Boden unterstützen. Es gibt zwei Löschhubschrauber aus den Niederlanden, die hier im Einsatz sind, und zwei Löschflugzeuge aus Schweden. (...) Die internationale Unterstützung ist doch schon sehr gross." 

Lëtzebuerger Baueren hu sech de Moien zu Iechternach getraff fir mat Waasserbehälteren op Trakteren a Camionen an d'Brandgebitt ze fueren. Op eis Nofro hi sote si, datt si domat rechnen am freie Mëtten op der Plaz unzekommen an zwee bis dräi Deeg ze bleiwen.

Virun allem fir kleng Déiere ganz geféierlech

Am Kader vun de Bränn gëtt vun enger enormer ökologesch Katastroph geschwat. An der Vergaangenheet goufen et zwar ëmmer nees Feieren am Venn, seet den BRF-Chefredakter Oliver Krickel, mee déi aktuell Situatioun wier mat näischt ze vergläichen.

"Ddass vor allem auch das Torf brennt, das ist doch sehr aussergewöhnlich, vor allem in dieser Größe. Die Förster, mit denen wir am Wochenende gesprochen hatten, sagten, dass weniger die grossen Tiere davon betroffen sind. Die können flüchten. Vielmehr sind es die kleinen Tiere, die nicht so schnell vor dem Feuer fliehen können, also Reptilien und auch Insekten und natürlich auch die Flora, die im höchsten Masse da in Mitleidenschaft gezogen wird."

Wéi sech d’Situatioun weiderentwéckelt géif staark vum Wieder ofhänken. Wéi vill et reent, vu wou a wéi staark de Wand bléist: Dat wieren Indicateuren, déi vu Stonn zu Stonn nei evaluéiert ginn.

Kinnek Philippe sur Place 

De belsche Kinnek Philippe ass an d'Regioun gereest fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Hien sot hie géif hoffen, datt dës „tragesch Episod“ séier eriwwer wier. 

Ronn 3.200 Hektar Bësch an Naturfläch si verbrannt. Et ass de gréisste Bëschbrand an der Geschicht vun der Belsch.