Am Kader vum Plan canicule kënnen eeler Leit vun iwwer 75 Joer, déi eleng liewen, bei Hëtzt besicht ginn a Soinë kréien. Am Ganze kéinte bis zu 700 Persounen duerch den Dispositif betreit ginn, also nach eng Kéier duebel esou vill wéi elo dëst Joer ageschriwwe sinn, esou d‘Ministesch.
Et misst een awer bedenken, datt d‘Hëtztwellen ëmmer méi fréi, méi laang a méi intensiv ginn an d‘Populatioun ëmmer méi al géif ginn. Et géifen dann och Iwwerleeunge fir de Plan canicule och op aner Persounen, wéi zum Beispill chronesch Kranker, Persoune mat enger Beanträchtegung oder Leit déi sozial isoléiert sinn, auszeweiden.